top of page

Mir si prett! 🎄 GlĂŒhwĂ€in a Kichelcher fir e gudden Zweck

Léif Frënn vun "E Kannerlaachen",





D’ChrĂ«schtzĂ€it steet virun der Dier, an dĂ«st Joer hu mir eis mat vill LĂ©ift a Begeeschterung op dĂ©i schĂ©insten ZĂ€it am Joer virbereet. 🎅🎁


Mir hu fir iech leckere GlĂŒhwĂ€in gekacht đŸ· a Kichelcher gebak! đŸȘ DĂ«s si mat vill FlĂ€iss verpak gi, fir iech oder Ă€re LĂ©ifsten eng kleng Freed ze maachen. ✹


Är Ënnerstetzung hĂ«lleft eis direkt, fir Kanner a Nout eng besser Zukunft ze ginn. All Cent geet een zu eent an eis Projeten a Madagaskar, wou mir duerch Bildung a gesond ErnĂ€rung eng nohalteg VerĂ€nnerung bewierke wĂ«llen.


Kommt eis besichen!

Trefft eis op eisem Stand um KÀerjenger Chrëschtmaart vum 6. bis 8. Dezember, freet iech op eng hÀerzlech Stëmmung an huelt eng Portioun Chrëschtdag Feeling mat Heem. Zesumme maache mir dës Welt e bësse méi hell a waarm fir déi, déi et brauchen.


Mir freeën eis op iech!




 
 
 

Comments


Kontakter

Präsident: Marc Sales (+352) 691277444

Vize-Präsident: Kies Claude (+352) 621195341
Secretär: Ben Wahl (+352) 621259332

Tresorière:  Monique Kies (+352) 621469105

Adress
46, rue Schouweiler
L-4945 Bascharage

Hëlleft de Kanner

Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e  Laachen ze schenken.

BCEE LU94 0019 5755 1764 9000

Payconiq
  • Facebook

©2024 E Kannerlaachen

bottom of page