"Eis Hand fir Madagaskar"
Firwat Madagaskar?
Madagaskar gehéiert zu deene mannst entwéckelte Länner op der Welt. Vill Kanner liewen eleng, ouni Schutz an ouni Perspektiv. Mir wëllen hinnen eng Plaz ginn, déi méi ass wéi just en Daach – en Doheem, wou si sech sécher a wuel fillen, kënnen léieren an nei Chancen kréien.
Zesumme mat de Leit op der Plaz
Nohalteg Hëllef funktionéiert nëmme gemeinsam. Dofir schaffe mir enk mat de lokale Gemeinschaften, Autoritéiten a soziale Strukturen zesummen – fir e Projet, dee bleift a wierklech hëlleft.
Wat entsteet?
Ënnert dem Numm „Eis Hand fir Madagaskar“ baue mir e ganzheetlecht Konzept op, dat op véier Säulen steet:
-
Séchere Wunnraum fir Weesekanner
-
Schoulausbildung an Perspektiven fir d’Zukunft
-
Medezinesch Grondversuergung
-
Gesond an nohalteg Ernärung duerch e Foodforest
Eist Zil: Strukturen opbauen, déi sech spéider selwer droen – ouni Ofhängegkeet, mee mat Hoffnung a Kraaft fir eng besser Zukunft.
Eisen éischte Projet
Eng 180 Kanner liewen zu Brasov am Kannerheem. Deels hu si nach Elteren, deels sinn et Vollweesen.
D’Kanner wunnen dat ganzt Joer am Heem bei de Schwësteren, déi mat vill Häerzblutt an Engagement no all Kand kucken a keent op der Strooss loossen.
Déi Kanner, déi nach Elteren oder Famill hu, ginn iwwer de Summer heem. Mee et bleiwe bis zu 80 Kanner am Alter vu 4 bis 18 Joer zeréck, déi och dës Zäit am Heem verbrénge mussen.
Mir si mat dëse Kanner eng Woch an d’Kolonie bei d’Mier fueren. Do hu mir dann Ausflich an Atelieren organiséiert, fir hinnen esou vill wéi méiglech Spaass an Ofwiesslung ze bidden.

























