top of page

6.000€ fir „E Kannerlaachen“

E risege Merci un d'Käerjenger Bouwen ASBL fir hir immens generéis Ënnerstëtzung!



Bei hirer Assemblée Générale hu mir e Check vu 6.000€ als Spende kritt — a mir si wierklech geréiert.


Dës Hëllef erméiglecht eis, eis Projeten am Sënn vun de Kanner weiderzeféieren an nach méi konkret um Terrain ze wierken. Zesumme beweege mir eppes — an dat mécht den Ënnerscheed.


Eist Zil ass et, Kanner a Madagaskar e séchert Ëmfeld, eng gesond Ernierung an eng Chance op Bildung ze ginn. Mir setzen op nohalteg Strukturen, déi et erméiglechen, dass de Projet no e puer Joer selbststänneg säi Wee goe kann.


Nach eng Kéier: Merci fir d’Vertrauen an d’Solidaritéit. 💛 

 
 
 

Kommentare


Kontakter

Präsident: Marc Sales (+352) 691277444

Vize-Präsident: Kies Claude (+352) 621195341
Secretär: Ben Wahl (+352) 621259332

Tresorière:  Monique Kies (+352) 621469105

Adress
46, rue de Schouweiler
L-4945 Bascharage

Hëlleft de Kanner

Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e  Laachen ze schenken.

BCEE LU94 0019 5755 1764 9000

Payconiq
  • Facebook

©2025 E Kannerlaachen

bottom of page