E risege Merci un de Rotary Club Bascharage Kordall!
- tonyczajor
- vor 23 Stunden
- 1 Min. Lesezeit

Mir sin immens dankbar fir déi aussergewéinlech generéis Spend vun 30.000 € un "E Kannerlaachen" fir eise Projet zu Madagaskar.
Mat dëser Ënnerstëtzung kënne mir konkret weiderhëllefen: de Kanner Zougang zu Bildung an Ernierung ze erméiglechen an hinnen en Doheem ze ginn. Genee esou Hëllef mécht en direkten Ënnerscheed do, wou se am meeschte gebraucht gëtt.
Dës Spend ass net nëmmen e finanziellen Don, mee och e staarkt Zeeche vu Solidaritéit, Vertrauen a Mënschlechkeet.
Merci un de Rotary Club Bascharage Kordall fir dëse wäertvolle Bäitrag an d’Vertrauen an eis Aarbecht. Zesumme kënne mir Kanner e Laache schenken.



Kommentare