top of page

E grousse Merci u We love to travel & Emile Weber!

ree

We love to travel an Emile Weber haten e flotten Quizowend organiséiert, an de Kies Claude huet dobäi eise Projet “Eis Hand fir Madagaskar” virgestallt. Zesummen hu mir net nëmme vill Spaass gehat – mee och 275 € fir eise Projet gesammelt.


We love to travel an Emile Weber hu schonn ugekënnegt, datt si och an Zukunft weiderhi wäertvoll Ënnerstëtzung fir eise Projet ubidde wäerten.


All Euro zielt, all Gest fir e gudden Zweck mécht e richtegen Ënnerscheed.


Merci un all déi, déi matgemaach hunn! Zesumme beweege mir eppes.

 
 
 

Kommentare


Kontakter

Präsident: Marc Sales (+352) 691277444

Vize-Präsident: Kies Claude (+352) 621195341
Secretär: Ben Wahl (+352) 621259332

Tresorière:  Monique Kies (+352) 621469105

Adress
46, rue de Schouweiler
L-4945 Bascharage

Hëlleft de Kanner

Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e  Laachen ze schenken.

BCEE LU94 0019 5755 1764 9000

Payconiq
  • Facebook

©2025 E Kannerlaachen

bottom of page