E Start fir eng besser Zukunft – Madagaskar mir kommen!
- tonyczajor
- 8. Apr.
- 1 Min. Lesezeit

De 16. Abrëll ass et esou wäit.
Sechs engagéiert Membere vun eiser Organisatioun maachen sech op de Wee op Madagaskar. Dës Rees markéiert den Ufank vun engem besonnesche Projet: Mir wëlle Kanner, déi ouni Eltere grouss ginn, eng realistesch Perspektiv fir d’Zukunft ginn – mat engem séchere Wunnraum, Zougang zu Bildung, medezinescher Versuergung an enger gesonder Ernärung.
Firwat Madagaskar?
Madagaskar gehéiert zu deene mannst entwéckelte Länner op der Welt. Vill Kanner wunnen do eleng, ouni Schutz a ganz ouni Perspektiv. Fir si wëlle mir eng Plaz schafen, déi méi ass wéi just en Daach iwwert dem Kapp – en doheem, wou si sech wuel fillen, kënne léieren a wou nei Chancen entstinn.
Zesumme mat de Mënschen op der Plaz
Eist Zil ass kloer – mä mir wëssen och: Nohalteg Hëllef funktionéiert just zesummen. Dowéinst siche mir de ganz bewosste Kontakt mat de lokale Leit. Wärend der Rees wäert eis Delegatioun déi éischt Verbindungen zu Autoritéiten, Vertrieder vu Gemengen a sozialen Organisatiounen opbauen. Nëmmen duerch eng enk Zesummenaarbecht mat hinne kann eise Projet laangfristeg bestoen a wierklech hëllefen.
Wat plange mir konkret?
Ënnert dem Numm „Eis Hand fir Madagaskar“ entsteet e ganzheetlecht Konzept:
Sécher Wunnraum fir Weesekanner
Schoulausbildung
Medezinesch Versuergung
Gesond an nohalteg Ernärung duerch d’Uleeë vun engem Foodforest
Eis Philosophie: Strukturen opbauen, déi sech spéider selwer droen – ouni Ofhängegkeet.
📣 Sidd dobäi – verfollegt eis Rees
An de nächste Wochen hale mir Iech um Lafenden – mat Impressiounen, Biller a Reesberichter vu Madagaskar. Hei am Blog an op eise soziale Medien.
Zesummen gi mir Zukunft.
Comments