Eist Zil ass et, Projeten a Madagaskar ze schafen, déi sech op d'Bildung an d'Ernärung vun de Kanner konzentréieren. Mir leeë grousse Wäert op Nohaltegkeet an d'Fäegkeet, den Autonomiestatus vun de Leit op der Plaz ze fërderen. D'Projeten si sou opgebaut, dat déi Betraffe no 3-4 Joer an d‘ Lage versetzt solle ginn, onofhängeg a selbststänneg ze funktionéieren, ouni weider finanziell Hëllef vun eis.
Mir wëllen als Enabler handelen, dee Ressourcen a Wëssen zur Verfügung stellt, fir datt d'Leit selwer Léisunge fannen an erfollegräich kënne sinn.. Zesumme schaffe mir un enger Zukunft, wou d'Kanner Zougang zu gesonder Ernärung a Bildung hunn – fir e Liewe voller Méiglechkeeten a Selbstbestëmmung.
Comments