top of page

Eist Engagement a Madagaskar



Mir hunn decidéiert, eis laangfristeg zu Madagaskar ze engagéieren. Firwat grad Madagaskar?


Héije Grad u Aarmut a limitéierten Zougang zu Gronddéngschter

A Madagaskar hu vill Kanner kaum Zougang zu Bildung an der néideger Gesondheetsversuergung. Eist Zil ass et, dëse Kanner méi Chancen a Perspektive fir eng liewenswäert Zukunft ze bidden.


Klimawandel an seng Auswierkungen

D'Insel ass staark vun den Auswierkunge vum Klimawandel betraff, wéi zum Beispill Wirbelstierm an Dréchenten. Mir wëllen derzou bäidroen, d’Resilienz vun de Leit virun dësen Erausfuerderungen ze stäerken.


Bildung a Gesondheetswiesen

Den Zougang zu Bildung a Gesondheet ass oft staark limitéiert. Mir wëllen hëllefen, dës Grondbedierfnesser fir Kanner ze sécheren, sou datt si gesond opwuessen an hiert vollt Potenzial erreeche kënnen.


Mir freeën eis, mat Ärer Ënnerstëtzung d'Liewe vun de Kanner a Madagaskar positiv ze beaflossen!

 
 
 

Comentarios


Kontakter

Präsident: Marc Sales (+352) 691277444

Vize-Präsident: Kies Claude (+352) 621195341
Secretär: Ben Wahl (+352) 621259332

Tresorière:  Monique Kies (+352) 621469105

Adress
46, rue Schouweiler
L-4945 Bascharage

Hëlleft de Kanner

Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e  Laachen ze schenken.

BCEE LU94 0019 5755 1764 9000

Payconiq
  • Facebook

©2024 E Kannerlaachen

bottom of page