top of page

En Liichtbléck fir Kanner a Madagaskar


De 19. Juni hate mir d' Freed, e Scheck an Héicht vu 6.000€ un d'CBM Christoffel Blannemissioun ze iwwerreechen. Mat dëser Spend kënne mir ongeféier 150 Kanner, duerch eng Katarakt Operatioun, hier Siicht zeréck ginn.

Eis Missioun bei “E Kanner Laachen” ass et, Kanner e Laachen an d' Gesiicht ze zauberen. Et gëtt näischt méi Schéines, wéi hinnen d' Méiglechkeet ze ginn, nees aktiv um Liewe deelzehuelen, ze spillen, ze léieren an hir Dreem ze verwierklechen.


Eise Projet fënnt a Madagaskar statt, an mir freeën eis drop, déi Fortschrëtter an Erfolleger mat iech ze deelen. Merci un all d' Ënnerstëtzer, déi dës wonnerbar Aktioun méiglech gemaach hunn.

 
 
 

Comentários


Kontakter

Präsident: Marc Sales (+352) 691277444

Vize-Präsident: Kies Claude (+352) 621195341
Secretär: Ben Wahl (+352) 621259332

Tresorière:  Monique Kies (+352) 621469105

Adress
46, rue Schouweiler
L-4945 Bascharage

Hëlleft de Kanner

Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e  Laachen ze schenken.

BCEE LU94 0019 5755 1764 9000

Payconiq
  • Facebook

©2024 E Kannerlaachen

bottom of page