top of page

Eng kleng Operatioun – e grousst Wonner



«Ech dreeme zënter laangem dovun, geheelt ze ginn», seet de 13 Joer alen Oscar aus Madagaskar. Trotz senger Behënnerung huet hien et bis an d’7. Schouljoer gepackt a gehéiert zu de beschte Schüler. Mee de Groe Star huet him de Schoulalldag ëmmer méi schwéier gemaach.


Seng Mamm Felistine, eleng mat véier Kanner, huet Joren dru geschafft, hire Jong ze ënnerstëtzen. Mee d’Operatioun war fir si onbezuelbar. Den Oscar ass dacks u Saachen ugestouss, huet sech un de Mauere gehalen a konnt senger Mamm net méi hëllefen.


Haut kann den Oscar nees gesinn, léieren a dreemen.


Dank ärer Ënnerstëtzung an eiser Spend konnt dem Oscar – a villen anere Kanner a Madagaskar – gehollef ginn. 

 
 
 

Kommentare


Kontakter

Präsident: Marc Sales (+352) 691277444

Vize-Präsident: Kies Claude (+352) 621195341
Secretär: Ben Wahl (+352) 621259332

Tresorière:  Monique Kies (+352) 621469105

Adress
46, rue de Schouweiler
L-4945 Bascharage

Hëlleft de Kanner

Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e  Laachen ze schenken.

BCEE LU94 0019 5755 1764 9000

Payconiq
  • Facebook

©2025 E Kannerlaachen

bottom of page