top of page

Haut ass e wichtege Moment fir eis Missioun!

Marc an de Claude sinn op Madagaskar geflunn, fir déi éischt grouss administrativ Schrëtt fir eise Projet Eis Hand fir Madagaskar unzegoen.

Kenns du dat, wann een eppes Grousse plangt, mee als éischt déi ganz Pabeieren,


ree

Autorisatiounen an Ofsproochen op d’Rei musse kommen? Genausou ass et bei eis elo. An dëst ass den entscheedende Fundament, fir dass mir geschwë mat deenen éischte Bauaarbechte kënne starten.


An de kommende Deeg hale mir dech regelméisseg um Lafenden:

  •  wéi wäit eis administrativ Prozedure si

  •  wéi d’Koordinatioun mat de lokale Partner leeft

  •  a wéi mir d’Basis leeën, fir dass de Bau geschwë richteg lassgoe kann


Kuck also roueg heiansdo hei laanscht – mir huelen dech mat op dëse wichtege Start vun eiser Rees, bis mir déi éischt Steng kënne leeën.


Zesumme schafe mir eppes Noutwendeges a Nohalteges.

 
 
 

Kommentare


Kontakter

Präsident: Marc Sales (+352) 691277444

Vize-Präsident: Kies Claude (+352) 621195341
Secretär: Ben Wahl (+352) 621259332

Tresorière:  Monique Kies (+352) 621469105

Adress
46, rue de Schouweiler
L-4945 Bascharage

Hëlleft de Kanner

Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e  Laachen ze schenken.

BCEE LU94 0019 5755 1764 9000

Payconiq
  • Facebook

©2025 E Kannerlaachen

bottom of page