top of page

✈️ Marc a Claude si gutt zu Madagaskar ukomm… mee hiert Gepäck leider net! 🙈🇲🇬



Kenns du dat Gefill, wann du no enger laanger Rees just nach e proppere T-Shirt wëlls – an deng Valis hëlt sech eng kleng Paus zu Paräis? Genau dat ass eise Jonge geschitt.


Hiert Gepäck ass einfach léif am Charles-de-Gaulle-Fluchhafe leie bliwwen, an do stounge Marc a Claude zu Madagaskar mat näischt an der Hand… ausser Humor. 😅


Si hunn sech direkt missen e puer Kleeder kafen, also ab op de Maart zu Antananarivo! 🛍️ 


Mee kee Stress: Si huelen et mat engem Laachen a si scho voll dobäi, déi nächst wichteg Schrëtt fir E Kannerlaachen an d’Weeër ze leeden.


Bleift dobäi: An de nächsten Deeg deele mir reegelméisseg Updates, Fotoen a kleng Ablécker aus Madagaskar. Et bleift spannend – an heiansdo och e bësse chaotesch. 😉

 
 
 

Kommentare


Kontakter

Präsident: Marc Sales (+352) 691277444

Vize-Präsident: Kies Claude (+352) 621195341
Secretär: Ben Wahl (+352) 621259332

Tresorière:  Monique Kies (+352) 621469105

Adress
46, rue de Schouweiler
L-4945 Bascharage

Hëlleft de Kanner

Dir kënnt mat engem klengen Don dozou bäidroen, dëse Kanner eng Freed ze maachen, an hinnen e  Laachen ze schenken.

BCEE LU94 0019 5755 1764 9000

Payconiq
  • Facebook

©2025 E Kannerlaachen

bottom of page